Wetterblog der Wetterseite MeteoRemich

Endlich ein Blog zu allen wichtigen Fragen rund um die Meteorologie
  • Home
  • About

« Méiglech geféierlech Wiederlag Sonndeg Nuecht | Main | Winterprognose 18/19 - Bericht 9 »

Schnéi oder Gletz Sonndeg Nuecht?

Donnerstag, Dezember 13, 2018 6:47 PM

Déi éischt uerdentlech Schnéicouche?

Am leschten Blogartikel haat ech Iech jo ugedéit datt Sonndeg Nuecht eventuell Gletz bei eis méiglech wär. Daat war awer nach net sécher. Mettlerweil huet sech daat och däitlech geännert. Den Gletzrisiko ass däitlech erofgaang an den Schnéirisiko däitlech erop. Stand elo kéint eis landeswäit eng Schnéicouche erwaarden.

 

Den Schnéirisiko léit bei 60 bis 65%. Elo ass awer Fro wéi Samschdeg Owend an Sonndeg Nuecht genau verlaafen. Majo em Samschdeg Owend ab 22 Auer fänkt et wuel vu Westen hier un ze schnéien. Ufanks méi lues, no Metternuecht emmer méi staark.

 

A Richtung Muergen ass nach net sécher wéi et weidergeet. Kommen déi waarm Loftmassen méi fréi, geet den Schnéi an Gletz iwwer. Kommen se méi spéit schneit et bis an den Sonndeg Muergen eran.

 

Elo ass awer fir déi meescht Fro wéi vill erofkennt. Do sinn Modeller natirlech ennerscheedlech. Generell kann een daat éischt 6 Stonnen am Virraus ongeféier soen. Also Samschdeg Metteg. Den Moment rechent den amerikaneschen Wiedermodell mat 2 bis 4 cm. Beim franzéischen ARPEGE Modell gesäit et awer no méi aus. Hei ginn 4 bis 8 cm berechent. Daat wär jo mol eng uerdentlech Schnéicouche.

 

Sou geet et dann elo nach en bessen wanterlech bei eis weider. Och wenn een näischt ganz genaues soen kann, gesäit et awer sou aus wéi wenn éischter Schnéi wéi Gletz erofkennt. Ech wenschen Iech awer schonn vill Spass mat dem wanterlechem Wieder.

Posted in: Europa , Luxemburg

Top
Copyright © 2020 Wetterblog der Wetterseite MeteoRemich
Theme ported to Thingamablog by The Web Design Women of Opensource Resources

Letzte Veröffentlichungen

  • Temperaturspektrum 16.10
  • Winterprognose 19/20 Bericht 1
  • Winterprognose 19/20 Bericht 2
  • Winterprognose 19/20 Bericht 3
  • Winterprognose 19/20 Bericht 4
  • Schneehöhen Alpenraum 08.11.19
  • Winterprognose 19/20 Bericht 5
  • Weihnachtstauwetter
  • Schneehöhen 24.12.2019
  • COVID-19 und Wettereinflüsse

Kategorie

  • Europa
  • Luxemburg
  • Statisitik
  • Welt

Archiv

  • März 2020
  • Dezember 2019
  • November 2019
  • Oktober 2019
  • September 2019
  • Juli 2019
  • Mai 2019
  • April 2019
  • März 2019
  • Februar 2019
  • Januar 2019
  • Dezember 2018
  • November 2018
  • Oktober 2018
  • September 2018

Danksagung

Powered By
Thingamablog 1.5.1