Méiglech geféierlech Wiederlag Sonndeg Nuecht
Inversiounslag mat Komplikatiounen
An den nächsten Deeg setzt sech den Wanter mat Momenter uerdentlech bei eis duerch. Glaat Stroossen duerch Räif sinn emmer nees méiglech. Och sos ass et gudd kal bei eis an der Regioun. Verschidden Modeller berechnen fir Deeler vum Norden esouguer ab den Owend mat 72 Stonnen Dauerfrascht. Hei géif sech den Wanter dann mol uerdentlech duerchsetzen.
Eng Situatioun déi sech, wenn et dann sou kennt, ab Samschdeg Owend nawell staark veränneren kéint. Aus Westen breeden sech nees méi waarm Loftmassen aus, déi sech awer als éischt an der Héicht bemierkbar maachen an éischt um Sonndeg bei eis um Buedem. Daat Gaanzt bréngt awer puer Problemer mat sech.
Den orangen Deel iwwer Letzebuerg déit op Äisreen hinn. Nodeems et um Samschdeg Owend als éischt ufänkt ze schnéien, geet den Nidderschlag emmer méi an Äisreen iwwer. Op sou muncher Plaz fällt den "Reen" direkt op den gefruerenen Buedem, op aneren Plazen op eng denn Couche Schnéi.
Och wenn et zu Äisreen kommen sollt, dierft et op ville Plazen am Land em Sonndeg Muergen zu enger denner Schnéicouche kommen. Mee Fro stellt sech firwaat et iwwerhaapt zu Äisreen kennt?
Nodeems déi kal Loftmassen deeglaang dominant bei eis waren, ass och ouni vill Problemer den Frascht bei eis dominant. Sou dierft daat dann wuel och em Samschdeg Owend den Fall sinn wou -3 bis 0 Grad berechent ginn. Also an den meeschten Deeler vum Land ass et gudd gefruer.
Kuckt een awer elo op 850hPa Temperatur, also 1500m iwwert dem Buedem, gesäit een datt et zu dem Moment schonn däitlech méi waarm ass. +3 Grad iwwert dem Buedem sinn den Moment relevant. Zweschen der 2200m an 800m Schicht sinn Temperaturen positiv sou datt den Schnéi an Reen iwwergoen wäert. Um Buedem trefft den Reen dann nees op en gefrueren Buedem an sou gett et spiggelglaat.
Och wenn mir elo éischt Mettwoch sinn, wollt ech Iech iwwert den Wee um Blog schonn éischt Informatiounen ginn. Nach ass net alles sécher an et kann och sinn datt quasi alles a Form vu Schnéi erofkennt. Modeller rechnen awer schonn säit Méindeg Muergen mat dem Äisreen. Et ass awer nach net vir an Panik ze verfaalen. Et misst awer en gudden Hiweis sinn, fir déi déi bis elo nach mat den Wanterpneuen gewaart hunn. Et ass och keen seelenen Phänomen. Mir kréien et all Wanter 1 bis 3 mol mat sou enger Situatioun ze dinn.
Posted in: Luxemburg