Wetterblog der Wetterseite MeteoRemich

Endlich ein Blog zu allen wichtigen Fragen rund um die Meteorologie
  • Home
  • About

« Mai 2019 | Main | März 2019 »

Stratosphäre im Sommermodus

Montag, April 08, 2019 8:08 PM

Es wird Sommer

In der Stratosphäre erwärmt sich die Luft nun final. Die Temperaturen steigen in der ganzen Stratosphäre auf typische Sommerwerte. -50 bis -60 Grad sind hier im Sommer ganz normal. In den nächsten Tagen erwärmt sich die Luft noch etwas. Für uns heißt dies, dass der Winter eigentlich noch nicht vorbei ist. In den nächsten 2 bis 3 Wochen, kann es bei uns immer wieder zu Frost kommen. Auch Schnee bleibt nicht ausgeschlossen. Deshalb kann man erst Ende des Monats sagen, dass der Winter vorbei ist. Dauert also noch etwas bis die Temperaturen im Durchschnitt steigen.

 

Posted in: Welt

Sommerprognose 2019 / Bericht 4

Sonntag, April 07, 2019 7:18 PM

Da es in der nächsten Zeit wechselhaft bleibt und Regen und Gewitter dominieren, ist es schwierig zu sagen wie genau es weitergeht. Von Frühling und auch Sommer ist noch nichts zu sehen.

Mittelfrist

11 April : 70% zu kalt, 30% normal, 0% zu warm
15 April : 40% zu kalt, 35% normal, 25% zu warm
20 April : 40% zu kalt, 30% normal, 30% zu warm

Langfrist

April : zu warm, zu trocken
Mai : zu warm, normal
Juni : deutlich zu warm, zu trocken

 

Posted in:

Vulkaner an hieren Afloss op Klima

Samstag, April 06, 2019 9:13 PM

An dësem Artikel well ech Iech mol en bësse beschreiwe wat fir en Afloss Vulkaner op Wieder a Klima hunn. Se sinn och en Entscheedende Faktor wenn et em de Klimawandel geet.

Vulkanstäerkt

Op eiser Äerd gëtt et aktuell circa 1500 méi oder manner aktiv Vulkaner. Etna a Krakatau héiert een ëmmer nees. Dann kommen awer ëmmer nees déck Kaliber wéi Pinatubo, Tambora oder Mount St. Helens. Elo gëtt et natierlech Ënnerscheeder zweschen de Vulkanausbréch. Et Ënnerscheed een zeeneschen 0 an 8 VEI beim Vulkanexplosivitätsindex. VEI 0 an 1 sinn einfach "normal" Vulkanausbréch. Mee och déi hunn schonn en Afloss ronderëm de Vulkan kann et spontan ufänke mat reenen an och Blëtzer gesäit een oft. Ab 3 schwätzt ee vun engem méi staarke Vulkanausbroch. Sou en Vulkanausbroch gëtt et bei eis op der Äerd quasi all 2 bis 4 Joer. En Vulkanausbroch vun dëser Stäerkt fänkt schonn un Klima un se änneren. Ronderëm vun sou engem Vulkan killt sech Loft op méi laang Dauer of. Och Mierestemperatur(falls Mier ronderëm ass), killt of. Ännerungen am Ëmkrees vun 100km an den nächsten 2 Joer si méiglech. En VEI 4 Vulkanausbroch hu mir scho quasi all erlieft. Den Eyjafjallajökull op Island 2010 hat eng Stäerkt vu 4 an huet nawell en groussen Afloss gehat. Am Radius vu 500km konnt een eng Verännerung bemierken. Wärend der ganzer Eruptiounszäit war et gutt 1 Grad méi kal bei eis. Wärend der zweeter Eruptiounsphase war 3,5 °C méi kal wéi sos, sou datt de ganze Mee gutt 2 Grad méi kal war.

Ab VEI 5 komme mir da bei eng Stäerkt wou sech dat globaalt Klima ännert. Wärend dem Ausbroch vum Mount St. Helene's 1980 an Amerika gouf et vill Schued. 250km wäit gouf et Äschereen. Innerhalb vun 3 Deeg louch iwwer Amerika eng Äschewollek. An Amerika huet sech Temperatur kuerzfristeg bis zu 8 Grad ofgekillt. Innerhalb vun 21 Deeg huet sech Äsch an der ganzer Atmosphär vun eiser Äerd ausgebreet. Eng Baisse vun 0,5 °C vun der Jorestemperatur op eiser Äerd gouf gemooss. De Summer an Europa ass komplett schlecht ausgefall. Bei eis war et 2,5 °C wärend dem Summer méi kal wéi sos. Wärend dem 15.ten Juni an dem 20. ten Juli louch déi maximaalsten Héchsttemperatur bei 21 Grad. Maximaltemperatur vum Summer loucht bei 31 Grad. Et gouf 250 Stonne manner Sonn a bal 200 l/m² méi Reen.

Ab enger Stäerkt vu 6 komme mir an de Beräich vun enger Klimakatastroph. Heibäi killt déi global Temperatur mindestens em 1 Grad of. Eng VEI 6 gouf et mol net wäit fort vun eis. Viru ronn 13.000 Joer war et de Laacher Vulkan deen explodéiert ass. De Vulkanausbroch gëtt dann och gesot datt et de Grond vun der leschter Äiszäit war. Temperature sinn a Mëtteleuropa em 15 Grad gefall. Krakatau 1883(0,8°C méi kal) a Pinatoubo 1991(0,5°C méi kal)waren déi lescht Vulkanausbréch an der Stäerkt.

Tambora 1815 war dann ee vun der VEI 7. Huet weltwäit fir bal 5 Joer Ofkillung gesuergt. Et huet bis circa 1860 gedauert bis Aerosolen all aus der Atmosphär waren a Sonnenënnergäng nees "normal" goufen. 1816 gouf et an Europa en Joer ouni Summer. Dozou awer spéider méi.

VEI 8 kenne mir just den Taupo an Neiséiland viru 26.500 Joer. Hei wësse mir awer net wéi en Afloss et hat, well mir souwisou an enger Äiszäit waren.

Blo Lava vum Ijen Vulkan an Indonesien

Blo Lava vum Ijen Vulkan an Indonesien

Tambora 1815

Am Abrëll 1815 ass an Indonesien de Vulkan Tambora ausgebrach. De Knall vun der Explosioun soll een anscheinend nach 2600 Kilometer weider héieren hunn. De Vulkan ass beim Ausbroch gutt 2 Kilometer an der Héicht méi kléng ginn a gutt 3 Kilometer méi breet. 2 Deeg laang war et am Ëmkrees vu 600 Kilometer stackdäischter an den Äischereen ass 1300km wäit gaangen. 10.000 Mënsche ware wuel direkt dout, 85.000 Mënsche si kuerz dono gestuerwen an nacheemol 250.000 Léit si weltwäit un de Folge gestuerwen. Äerd huet sech 1815 0,7 °C ofgekillt, 1816 0,5 °C, 1817, 0,4 °C an 1818 0,3 °C ofgekillt. Schonn am Summer 1815 huet Europa éischt Konsequenze gespuert. Extrem Sonnenënnergäng a Sonnenopgäng déi deelweis bis zu 3 Stonne gedauert hunn. Dobäi gouf et quasi all Spektrum vum Routtoun ze gesinn. De Wanter 1815/16 war schonn extrem an en huet eigentlech bis 1817 gedauert. De Summer 1816 geet als Joer ouni Summer a Geschicht. An der Moyenne bis zu 3,5 °C méi kal wéi sos. Am Juni, Juli an August gouf et Schnéi bis a Flaachland. An wenn et net geschneit huet, huet et extrem gereent. Ëmmer nees koum et zu Iwwerschwemmungen. Am August 1816 gouf et zu New York 30cm Neischnéi. Weltwäit koum et zu enger Hongersnout. Als Konsequenz ass z.B. Cannstatter Volksfest entstanen, wou am Ufank Baueren sech getraff hunn fir Erfarungen auszetausche wéi een trotz deem miserabelem Wieder eppes an der Landwirtschaft geschafft kritt. Hongersnout huet an Europa bis 1818 gedauert.

Auswierkungen op Hurrikans

Elo ass et sou datt mir scho méi laang wëssen datt Vulkaner eis Klima direkt beaflossen. En bësse méi nei ass, datt Vulkaner och en direkten Afloss op eis Wieder hunn. An dat am meeschten op Hurrikans bzw. Wirbelstierm. Kennt et zum Beispill an Indonesien zu engem staarke Vulkanausbroch, geet Aktivitéit vun den Taifuner erof, Stäerkt vun den Zyklonen erop. Ähnlech ass et bei den Hurrikans, mee do ass et anscheinend en bësse méi komplizéiert. Kennt et op der Südhallefkugel zu engem staarke Vulkanausbroch, geet an den nächste 4 Joer Unzuel a Stäerkt vun den Hurrikans am Atlantik erop. Fënnt en Vulkanausbroch op der Nordhallefkugel statt, geet Hurrikanaktivität erof. 2011,2012,2013 an 2014 gouf et nom Eyjafjallajökull-Ausbroch 2010 schwaach Hurrikansaisonen. 2013 gouf et grad mol 2 Hurrikans déi Allenzwee net all ze staark waren.

Grond fir des Ännerung ass eng Anomalie déi no engem Vulkanausbroch virun allem am Equator ze bemierken ass. Also do wou déi meescht Hurrikans entstinn. Temperatur, Waassertemperatur, Wand, Nidderschlag a Loftdrock veränneren sech. Doduerch gi Konditioune fir Entwécklung vun Hurrikans méi schlecht oder besser. Vulkanausbroch am Norde meescht se méi schlecht, am Süde besser.

Auswierkungen op den Klimawandel

En Vulkanausbroch kann allgemeng ëmmer Afloss op Klima hunn. Eng kuerzfristeg global Ofkillung vun 1 bis 2 Grad ass ëmmer méiglech. Et gëtt awer och eng Kontrovers Diskussioun. De Klimawandel fërdert Vulkanaktivitéit wouduerch de Risk vun engem VEI 6 oder méi staark, méi grouss gëtt an doduerch de Klimawandel scho nees gestoppt gëtt a mir esouguer nees eventuell an eng Äiszäit rutschen. Grond ass och nees eng Kettenreaktioun. Klemmt Temperatur op der Äerd, schmëlzen Nordpol a Südpol. Doduerch ass manner Drock um Äerdmantel wouduerch Magma et méi einfach huet eropzekommen. Kann Magma vun ënne méi en groussen Drock opbauen, gi Vulkanausbréch och méi staark. Wat de Vulkanausbroch méi staark ass, wat méi Aerosolen an Atmosphär kommen a weltwäit Temperaturen nees falen. Villäicht nëmme wärend engem Joer, vielleicht wärend Joerzéngten. Ofhängeg ass och wou de Vulkan ausbrécht. Wéi mir beim Laacher See gesinn hunn, ass och eng nei Äiszäit méiglech.

Dofir ass et och komesch fir ze soe wat geschitt wenn sech Äerd em 2 oder 3 Grad erwiermt. Schonn iwwermuer kann et zu engem VEI 7 kommen an da schwätzt sou schnell kee méi vum Klimawandel. Insgesamt kennt an der Klimawandelproblematik Vulkanaktivitéit vill ze kuerz.

Fazit

Vulkaner spillen eng grouss Roll beim Wieder an beim Klima. Bei engem Vulkanausbroch gëtt Wieder ronderëm kloer verännert. Je no Stäerkt ännert sech dat regional Klima oder och esouguer dat global Klima. Desweidere kenne Vulkaner Stäerkt vun Hurrikans beaflossen. Sou faszinéierend wéi se deelweis sinn, sou geféierlech kennen se fir Mënschheet ginn.

 

Posted in: Europa , Luxemburg , Statisitik , Welt

Top
Copyright © 2020 Wetterblog der Wetterseite MeteoRemich
Theme ported to Thingamablog by The Web Design Women of Opensource Resources
RSS feed
  • Google
  • Youdao
  • Xian Guo
  • Zhua Xia
  • My Yahoo!
  • newsgator
  • Bloglines
  • iNezha

Recent Posts

  • Stratosphäre im Sommermodus
  • Sommerprognose 2019 / Bericht 4
  • Vulkaner an hieren Afloss op Klima

Categories

  • Europa
  • Luxemburg
  • Statisitik
  • Welt

Archives

  • März 2020
  • Dezember 2019
  • November 2019
  • Oktober 2019
  • September 2019
  • Juli 2019
  • Mai 2019
  • April 2019
  • März 2019
  • Februar 2019
  • Januar 2019
  • Dezember 2018
  • November 2018
  • Oktober 2018
  • September 2018

Credits

Powered By
Thingamablog 1.5.1