Wäiss Chreschtdeeg? - Éischt Aussiichten
An enger Woch ass den véierten Advent an och Chreschtdaag léist net méi laang op sech waarden. Nodeems den 27.ten Oktober deen éischten Bericht bei der Blöd-Zeitung stoung wéi Chreschtdaag gett, kann een haut awer schonn däitlech méi genau Prognosen maachen. Och wenn nach net alles sécher ass.
Fakt ass, Chance op wäiss Chreschtdeeg stoungen scho laang net méi sou gudd wéi dest Joer. Elo awer mol der Réi no. Säit Deeg gett et an den Wiedermodeller emmer nees eng wanterlech Optioun fir Chreschtdeeg. Quasi emmer ass et daat selwescht Szenario. Azorenhéich kéilt sech um Atlantik a Richtung Norden. Domadder gett den Atlantik blockéiert an iwwert Metteleuropa kennt et zu enger Troglage. Doduerch gett aus Nordosten kal Loft aus Skandinavien an eis Regioun bruecht. Chance op wäiss Chreschtdeeg ass zweschenzäitlech esouguer op 55% geklommen. Also guernet mol sou schlecht.
Sollt sech Wiederlag dann astellen, sou wéi et uewen beschriwwen ass, dann gesäit et mol guernet sou schlecht aus datt et mol gudd kal em Chreschtdaag gett. Modeller rechnen domadder datt et Helleg Owend eventuell ufänkt mat scheien an sou bis den 2.ten Chreschtdaag eng Couche Schnéi léien kéint.
Insgesamt klemmt domadder Hoffnung däitlech datt et mol nees zu wäiss Chreschtdeeg kommen kann. Mee ganz genau wessen mir et éischt an enger Woch.
Posted in: Europa , Statisitik