Wäiss Chreschtdeeg - Statistik
Montag, November 26, 2018 7:53 PM
Haut gëtt et de Blog mol nees op lëtzebuergesch. An de Medie si mëttlerweil schonn déi éischt Meldunge wéi dëst Joer Chrëschtdag soll sinn. Datt dat absolut ze fréi ass muss ech jo wuel kengem erklären. Et ass awer wuel déi richteg Zäit fir mol an de Statistiken ze krommen. Dobäi huelen ech da mol Klimadatenbank vu MeteoLux als Hëllef. Hei gëtt säit 1973 de Schnéi dokumentéiert an sou kann ee gesi wat genau geschitt ass. Anescht wéi een et sos gesot gëtt, hate mir hei am Land schonn oft wäiss Chrëschtdeeg. 14 mol säit 1973 war et op Chrëschtdag wäiss. Fir lescht am Joer 2010. Markant ware folgend Saachen : 1973 Donnerwieder 1975 Schnéifall 1977 Schnéifall 1978 Schnéidonnerwieder, 3cm Schnéicouche 1979 3cm Schnéicouche 1980 Stuerm 1981 16cm Schnéicouche 1982 1cm Schnéicouche 1984 Schnéifall 1986 4cm Schnéicouche 1998 Schnéifall 1999 5cm Schnéicouche 2001 4cm Schnéicouche 2003 2cm Schnéicouche 2004 Stuerm 2009 5cm Schnéicouche 2010 23cm Schnéicouche 2011 Stuerm 2010 war ganz speziell. Zu Reiler goufen offiziell 33cm gemooss. Inoffiziell waren et op Plazen esouguer 60cm. Dir gesitt, wäiss Chrëschtdeeg si mol guernet sou ongewéinlech bei eis am Land.